De Weekend vum 27.08. – 29.08. sinn de Vertrieder aus de Betriber Vum Gréis, Frombuerger Haff a Krautgaart an der Plattform Solidaresch Landwirtschaft fir déi 4. Marktgarten & Mikrofarming Konferenz op Schloss Tempelhof bei Kreßberg gefuer – fir sech mat anere Geméisgäertner auszetauschen an a verschiddene Workshops a Konferenzen hiert Wëssen auszebauen.

Fir déi éischte Kéier gouf dëst Konferenz op engem bestoende Betrib gehalen: dem Schloss Tempelhof. Mat hirem Marktgarten versuergt d’Team vum Schloss Tempelhof net just déi 120 Awunner vum Duerf (Gemeinschaft Tempelhof), mee och no dem Prinzip der Solawi eng gutt 40 Memberen a 3 Restaurants. Dës 4. Marktgarten & Mikrofarming Konferenz huet sech ënner anerem mam Virtrag vum M.sc. Stephan Junge (Universität Witzenhausen) dem Thema „Werkzeugkasten für einen regenerativen Gemüsebau“ a virun allem engem gesonden a nährstoffräichem Buedem duerch Gründüngung gewidmet, wéi och dem „Lean Farming“ vum Ben Hartman, de Samschdes vir e Virtrag aus Indiana, USA zougeschalt war.

Beim Lean Farming oder Lean Management („schlankes Management“) geet et dorëms, d’Produktioun sou effizient wéi méiglech ze gestalten an doduerch Zäitopwand, Plaz an Dreck ze verréngeren an domat de Wäert vu senger Produktioun ze steigeren. Ob dat elo z.B. déi Aart a Weis ass, wéi een säi Geschier stockéiert, wéi eng Weeër een am Gaart muss goen oder och wéi vill Plaz een eigentlech fir wéi vill Geméis brauch.

A verschiddenen Workshops huet sech de Grupp vu ronn 50 Léit iwwer de ganze Weekend zesumme fonnt, fir iwwer Iddien aus deene zwee Virträg nozedenken an ze kucken, wéi een déi kéint ëmsetzen. Virun allem huet de Grupp de gesamte Weekend genotzt, fir sech iwwer den Alldag an hire Betriber auszetauschen a Inspiratiounen ze sammelen, wéi verschidden Saachen – Ubau, Buedemgesondheet, Effizienz, Marketing, solidarescher Bäitrag – kenne weider entwéckelt ginn. A wat fir Weeër kennen a missen ageschloe ginn, fir d’regenerativ Landwirtschaft nach weider auszebauen. Dëst ganz praktesch am Gaart vum Schloss Tempelhof kennen ze maachen, war eng wäertvoll Erfarung.

Mir sinn immens frou, dat mir de Weekend op dem Tempelhof konnte materliewen. Mir hunn vill Inspiratioun mat heem geholl vun daer eis bestoend Solawi-Betriber an hier Gemeinschaften profitéiere kënnen.
Text vum Rita Rommerskirchen (Krautgaart), liicht ofgeännert